Florin Cîțu

rumänesche Politiker

De Florin Cîțu, gebuer den 1. Abrëll 1972 zu Bukarest, ass e rumänesche Politiker (PNL). Hien ass zanter dem 23. Dezember 2020 Ministerpresident vu Rumänien.[1]

Florin Cîțu
Gebuer 1. Abrëll 1972
Nationalitéit Rumänien
Educatioun Grinnell College
Aktivitéit Ekonomist, Politiker, Blogger

Den Cîțu huet op der Iowa State University Makroekonomie an international Ekonomieswëssenschaften studéiert an dës Studie mat engem Master ofgeschloss. Dono huet hie bis 2003 bei der Reserve Bank of New Zealand geschafft a vun du bis 2005 bei der Europäescher Investitiounsbank. E gouf da Chefekonom a méi spéit Chef vum Secteur Finanzmäert bei der ING-DiBa Bank zu Bukarest.

Vun 2011 u war hie Consultant a Wirtschaftsanalyst. 2016 gouf en an de Senat vu Rumänien gewielt.

De 4. November 2019 gouf hie Finanzminister an der Regierung vum Ludovic Orban. 2020 ass d'Regierung gestierzt, an den Cîțu gouf vum Staatspresident chargéiert, eng nei Regierung ze forméieren, hien huet sech awer e puer Stonne virun der Wal am Parlament zeréckgezunn.[2]

Nao de Parlamentswalen am Dezember 2020 koum et zu enger Koalitioun vun der liberalkonservativer PNL, der liberale Unioun USR-PLUS an der Partei vun der ungarescher Minoritéit, bei där de Florin Cîțu Premierminister gouf.[3]

Um Spaweck änneren

Commons: Florin Cîțu – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Finanzspezialist Florin Citu ist der neue Ministerpräsident Rumäniens." nzz.ch, 2020-12-23.
  2. "Paukenschlag - Designierter Premier Cîțu gibt Regierungsauftrag zurück." adz.ro, 13. Mäerz 2020
  3. "Designierter Premierminister Cîțu plant eilige Regierungsbildung." adz.ro, 23. Dezember 2020.