E Fligel ass en Tasteninstrument, eng Zort Piano, bei deem d'Säiten horizontal an enger Rumm gespaant sinn, an dat iwwer e Clavier gespillt gëtt. D'Himmercher schloen dobäi vun ënnen un d'Säiten (beim Piano sinn d'Säite vertikal gespaant, an se gi säitlech ugeschloen).

E Fligel vu Steinway
Banneconstructioun vun engem Fligel

Den Numm Fligel kënnt vun der geschwongener Form vum Buffet hier, déi e bëssen un e Flillek vun engem Déier erënnert. E Fligel huet 3 Been, an d'Ofdeckung uewendrop kann opgeklappt ginn, fir datt de Klang besser bei d'Publikum kënnt. D'Noutegamme, déi e Fligel ofdeckt, ass identesch mat där vun engem Piano.

Bekannt Fligelconstructeure sinn ë. a. Bechstein, Blüthner, Bösendorfer, Grotrian-Steinweg, Ibach, Schimmel, Seiler, Steinway a Yamaha.

Opbau (Schema) änneren