D'Flandria war e schweedeschen Dampfrachter vun 1.179 BRT a mat enger Längt vun 69 Meter, an enger Breet vun 10,10 Meter.

Et huet der Reederei Götha, Förnyade Angfartygs Aktie Bolag vu Göteborg gehéiert.

D'Schëff gouf 1898 an Dänemark op der Werft Helsingörs Jernskibs & Maskinbyggeri Aktie Selskab zu Helsingör gebaut.

D'Flandria ass den 18. Januar 1940 um 23.53 Auer, no engem Torpedotreffer vum U 9, engem däitschen U-Boot ënnergaangen. Vun der Besatzung si 17 Leit ëm d'Liewe komm, a 4 Mann hunn iwwerlieft.

D'Schëff hat eenzel Päck a Pabeier u Bord, a war um Wee fir op Amsterdam.

D'Versenkungspositioun an der Nordséi war: 54° 00’ 00’’ N 03° 40’ 00’’ O

Literatur änneren

  • Busch, Röll: Der U-Boot-Krieg 1939-1945, Band 3
  • Erich Gröner: Die Handelsflotten der Welt 1942 und Nachtrag 1944
  • Erich Gröner: Suchliste für Schiffsnamen