Five hundred meter Aperture Spherical Telescope
De Five hundred meter Aperture Spherical Telescope (kuerz FAST) ass e Radioteleskop mat engem Duerchmiesser vun iwwer 500 Meter.
Et ass zanter 2011 am Pingtang-Krees an der Provënz Guizhou am Südweste vu China am Bau. E soll am Joer 2016 fäerdeg ginn, an de gréissten a geneeste Radioteleskop vun der Welt ginn. De Käschtepunkt läit bei 1200 Millioune Yuan, ronn 166 Mio. €. Den Terrain gouf ënner 30 méigleche Standplaze an enger natierlecher Karstmuld erausgesicht.
D'Anlag gläicht där vum Arecibo-Observatoire.[1]
De FAST-Observatoire soll am Frequenzberäich vun 0.3-3.0 GHz bedriwwe ginn.[2],[3]
Kuckt och änneren
Um Spaweck änneren
Referenzen änneren
- ↑ (en) Publikatioun mat Fotomaterial vun der Bauplaz
- ↑ (en) FAST Radioteleskop, Rapport vun der Cornell University
- ↑ Loftbild vum FAST Archivéiert op 2016-07-07. Gekuckt de(n) 2015-10-14.