Filipp Bedrossowitsch Kirkorow

russesch-bulgaresche Sänger a Museksproduzent vun armenescher Ofstamung
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Filipp Bedrossowitsch Kirkorow, oder Filipp Bedros Kirkorow (op Russesch: Филипп Бедросович Киркоров, op Bulgaresch: Филип Бедросов Киркоров – Filip Bedrossow Kirkorow), gebuer den 30. Abrëll 1967 zu Warna a Bulgarien, ass e russesch-bulgaresche Popsänger, Schauspiller[1] a Museksproduzent[2] vun armeenesch-jiddescher Ofstamung. Hien ass de Fils vum bulgaresch-russesche Sänger Bedros Kirkorow[3].

Filipp Bedrossowitsch Kirkorow
Gebuer 30. Abrëll 1967
Warna
Nationalitéit Russland
Aktivitéit Schauspiller, Museksproduzent, Liddermécher, Sänger, Komponist, Produzent, Animateur, Televisiounsmoderateur
Famill
Bestuet mat Alla Pugatschowa

1995 huet hie Russland mam Lidd "Kolybelnaja dlja wulkana" (Колыбельная для вулкана, "D'Schloflidd fir de Vulkan") beim Eurovision Song Contest zu Dublin vertrueden[4]. De Kirkorow koum op déi 17. Plaz mat 17 Punkten[5].

Hien ass ganz beléift a Russland a gëllt als "de Kinnek vun der russescher Musekszeen"[6]. Vun 1994 bis 2005 war hie mam russesche Popmusek-Superstar Alla Pugatschowa bestuet[7]. An Europa, gouf de Kirkorow och als de Komponist a Produzent vu verschiddene postsowjeteschen Eurovision-Participante bekannt[8].

Albumen änneren

  • 1990: Филипп
  • 1990: Синдбад-мореход
  • 1991: Ты, ты, ты
  • 1991: Небо и земля
  • 1992: Такой-сякой
  • 1994: Я не Рафаэль
  • 1995: Примадонна
  • 1995: Скажи Солнцу: „Да!“
  • 1998: С любовью к Единственной
  • 1998: Ой, мама, шика дам!
  • 2000: ЧелоФилия
  • 2001: Magico Amor
  • 2001: Влюблённый и безумно одинокий
  • 2003: Незнакомка
  • 2004: Дуэты
  • 2007: For You
  • 2011: ДруGOY
  • 2016: Я
  • 2020: Романы

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Filipp Kirkorow – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Archive copy Gearchiveerd op 2009-03-05. Gekuckt de(n) 2009-03-05.
  2. https://archive.li/20120802183259/www.izvestia.ru/person/article3103692/
  3. https://dni.ru/showbiz/2015/3/5/296876.html
  4. http://esckaz.com/russia/1995.htm
  5. http://www.eurovision.tv/page/history/by-year/contest?event=310#The_Participants
  6. http://www.ntv.ru/novosti/1801978/
  7. http://www.newsru.com/cinema/23nov2005/puga.html
  8. https://wiwibloggs.com/2018/09/23/philipp-kirkorov-dream-team-eurovision-2019/227267/