D'Fieseler Fi 103, och V1 genannt (Vergeltungswaffe 1), intern ënner dem Tarnnumm FZG 76 (Flakzielgerät) benannt, war een onbemannte mat Sprengstoff beluedene Fliger a war den éischte Marschfluchkierper op der Welt.

V1 am däitsche Musée

V1 war déi vum Joseph Goebbels erfonnt, propagandistisch Bezeechnung. Fieseler Fi 103 war déi militäresch Bezeechnung laut dem RLM-System fir Fligeren.

V1 op der Startramp am engleschen Duxford Aircraft Museum.

D'Fi 103 gouf an Däitschland entwéckelt an am Zweete Weltkrich vu Juni 1944 bis Mäerz 1945 a grousser Zuel agesat. Si ass normalerweis vun enger Startramp ofgefeiert ginn, et sinn der awer och vu Fligeren aus gestart ginn. D'Fi 103 gouf haaptsächlech géint London an Antwerpen geschoss. Méi spéit ass se vun der A4-Rakéit (V2) ofgeléist, respektiv ënnerstëtzt ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Fieseler Fi 103 – Biller, Videoen oder Audiodateien