Fichier Diskussioun:Klengbildspigelreflex w2.svg

Letzter Kommentar: viru(n) 15 Joer von Cornischong in Abschnitt An dat alles wéinst engem halwe Buschtaf!

Blenderanl ? änneren

A wat derjomer ass dann dat? --Pecalux 08:05, 14. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren

Problemer mam Jomeren?? ..... hei kéint eng Léisung sinn: ( http://www.woelkner.de/pdf/turnaround.pdf ). --Cornischong 10:33, 14. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren

Moien,

Ech hu keng Problemer mat Jomeren. Ech hu just eng Fro: Wie verbessert dat? Les Meloures 23:08, 14. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren

Moien och,
Gutt Fro. Ech hat alt geduecht, den Editeur vum Bild géif sech ugesprach fillen, mee dat schéngt net de Fall ze sinn. --Pecalux 04:10, 15. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren

An dat alles wéinst engem halwe Buschtaf! änneren

Wann ee mär eppes matzedeelen huet, da soll e mar dat op meng Diskussioussäit schreiwen, a sech keen ewechjomeren. Ech hu weder Loscht nach Zäit, all Waardesallsgespréicher op de Potersäiten ze liesen. Fir et selwer ze maachen fällt, wéi et schéngt, kengem an. Si mer nach ëmmer geseent mat Leit, déi léiwer Säite voll poteren, wéi eppes ze "maachen"? Ech denke besonnesch un eise Mataarbechter Pecalux.
Also, nach eng Kéier, wann ech mech nach eng Kéier iere sollt, (an dësem Fall war en halwe Buschtaf, de rietsen Deel vum "k", aus der Illustrator-Schabloun gesprongen), da léiwer e Wuert op deem "Schëllege" seng Diskussiounssäit, an da geet et an d'Rei. All weider Gebraddels ass iwwerflësseg. Soll ech mech vun engem, dee sech op Pefferkäre spezialiséiert huet, fir all Gejomers "ugesprach fillen." No all deem Gestëppels huet dat jo mol misse "gesot" ginn. Ech lueden elo en anere Fichier mat Spigelreflex erop, et ass den Nummer "3" (!). Da kann den "2" geläscht ginn. --Cornischong 15:24, 15. Mäe. 2009 (UTC)Äntweren

Zréck op de Fichier "Klengbildspigelreflex w2.svg".