Fernbach Financial Software
Fernbach Financial Software S.A. ass eng lëtzebuergesch Software-Entreprise déi 1986 vum Günther Fernbach gegrënnt gouf, déi weltwäit operéiert an déi hiren Haaptsëtz zu Mënsbech huet. Hir Haaptaktivitéit ass d'Entwécklung vu Software fir Finanzinstituter.
FERNBACH Financial Software S.A. | |
---|---|
Typ | S.A. |
Sëtz | Mënsbech, Lëtzebuerg |
Generaldirekter | Günther Fernbach |
Branche | Finanzsoftware |
Produit | FlexFinance |
Homepage | www.fernbach.com |
Entreprise
ännerenFernbach huet säi Fokus op Reportingtheme fir Finanzinstrumenter ausgeluecht. Dobäi kënnen automatiséiert Rapporte fir all Acteuren, besonnesch fir Investisseuren an Opsiichtsautoritéiten erstallt ginn. D'Entreprise huet nieft hirem Haaptsëtz zu Lëtzebuerg nach Filialen zu Frankfurt, Wien a London, souwéi ee globaalt Partnernetzwierk.[1]
All Joer gëtt Fernbach vun Chartis Research, dem Haaptubidder fir global Fuerschung an Analyse fir Risiko-Management-Technologie, am ieweschten Drëttel vun de weltwäit 100 éischte Risiko-Technologiesubidder klasséiert.[2] [3]
Produkt
ännerenFernbach entwéckelt Software fir Finanzinstrumenter am Beräich Finanzwiesen, Rechnungswiesen a Compliance Management.
FlexFinance organiséiert déi ganz Periodeféierung am Rechnungswiesen an hält déi historesch Datebestänn iwwer Joren. Sämtlech Wochen-, Mounts- a Quartalsrapporte ginn archivéiert a stinn am Reporting z. B. fir historesch Trendanalysen zur Verfügung. FlexFinance ënnerstëtzt Multi-Accounting, IFRS, Zënsännerungsmanagement (ALM), Kreditrisiko am Maartrisiko, Käschterechnung, FTP, awer och gesetzlech Ufuerderunge wéi gesetzlecht Meldewiesen, Basel 2, Basel 3 an déi vun der EBA, sou wéi eng Workbench fir Modeller a Simulatiounen an eng Bibliothéik fir Key-Performance-Indicateuren (KPIs). Jiddwer Zilgrupp kritt déi KPIs, déi fir d'Steierung relevant sinn. D'Uwendung verfüügt iwwer zirka 600 virgefäerdegt Rapporten, déi mat Hëllef vun enger permanenter Upassung un déi aktuell Gesetzer, direkt kënne benotzt ginn.
Allgemeng Quellen
ännerenReferenzen
änneren- ↑ Partnernetzwierk
- ↑ Chartis Credit Risk Management Systems for the Banking Book 2013 Archivéiert de(n) 25.09.2014. Gekuckt de(n) 30.06.2014.
- ↑ Chartis RiskTech100 2014.