Feng Bao 1, kuerz: FB-1, (Stuerm 1) war eng chineesesch Drorakéit. Si gouf tëscht de Joren 1972 an 1981 benotzt.

Feng Bao 1

D'Entwécklung vun der Feng Bao hat am Hierscht 1969 beim Büro Nr. 2 fir elektromechanesch Industrie zu Shanghai ugefaangen. Gläichzäiteg gouf zu Peking op der China Academy of Launch Vehicle Technology (CALT) aweroch un der Rakéit Laange Marsch 2 geschafft, déi 1974 hiren éischte Start hat a géint déi sech d'FB-1 net duerchsetze konnt.

Opbau änneren

D'FB-1 war eng zweestufeg Flëssegdreifstoffrakéit op der Grondlag vun der Interkontinentalrakéit Dongfeng 5. Si hat eng Héicht vun 33 m, en Duerchmiesser vun 3,35 m an eng Mass vun 192 t.

Éischt Stuf Zweet Stuf
Mass (brutto) 150 t 38,3 t
Dreifwierker 4 × YF-20A 1 × YF-22 und 4 × YF-23
Schub 3000 kN 761,9 kN
Spezifeschen Impuls 289 s 295 s
Brenndauer 128 s 127 s
Dreifstoff N2O4/UDMH

Betrib änneren

Den éischte suborbitalen Testfluch war den 10. August 1972. Als Notzlaaschte waren Opklärungssatellitte vum Typ JSSW virgesinn, déi lescht béid Starte hate Fuerschungs- a Kommunikatiounssatellitte vum Typ Shi Jian u Bord.

All d'Starte waren op der Startplaz LA-2B vum Kosmodrom Jiuquan.

Lauf. Nr. Datum, Auerzäit (UTC) Serienummer Notzlaascht COSPAR-Bezeechnung Bemierkung
1 10. August 1972, 00:32 701-02 Shiyan Peizhong 1972-S281 Suborbitalen Test vun 200 km Héicht
2 18. September 1973, 12:12 701-03 JSSW 1 1973-F07 Feelschlag
3 12. Juli 1974, 13:55 701-04 JSSW 2 1974-F05 Feelschlag Rakéit hat seng Stabilitéit verluer an hat misse gesprengt ginn
4 26. Juli 1975, 13:30 701-05 JSSW 3 1975-050 Erfolleg
5 16:Dezember 1975, 09:21 701-06 JSSW 4 1975-119 Erfolleg
6 30. August 1976, 11:45 701-07 JSSW 5 1976-087 Erfolleg
7 10. November 1976, 09:05 701-08 JSSW 6 1976-F03 Feelschlag
8 14. September 1977, 00:15 701(II)-01   1977-S246 Suborbitalen Test aus 200 km Héicht
9 15. Abrëll 1978, 16:39 701(II)-02   1978-S112 Suborbitalen Test aus 200 km Héicht
10 27. Juli 1979, 21:28 XCZ-1-02 Shi Jian 2 1979-F02 Feelschlag Versoe vun der zweeter Stuf
11 19. September 1981, 21:28 XCZ-1-02 Dräi Satellitte vum Typ Shi Jian:
SJ 2 / SJ 2A / SJ 2B
1981-093 Erfolleg

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren