Fausto Gardini (Auteur)

lëtzebuergesche Schrëftsteller

De Fausto Gardini, gebuer de 7. Mäerz 1950 zu Savignano-sul-Rubicone an Italien, ass e lëtzebuergesche[1] Schrëftsteller.

Fausto Gardini
Gebuer 7. Mäerz 1950
Savignano sul Rubicone
Aktivitéit Schrëftsteller, Ingenieur

Hien ass zu Uewerkuer opgewuess, huet zu Lëtzebuerg seng Schoule gemaach, goung fir d'éischt bei d'Luxair schaffen an huet duerno am Ausland, als Ingénieur commercial am Beräich Telekommunikatiouns- a Computerservicer fir d'Aviatioun berufflech Carrière gemaach.

Zënter 1984 lieft hien an Amerika.

Hien ass spezialiséiert op d'Geschicht vun den Auswanderer vu Lëtzebuerg an Amerika an huet dozou verschidde Publikatioune gemaach.

De Fausto Gardini ass am Verwaltungsrot vun der Luxembourg American Cultural Society.[2] Hien ass och Member Correspondant vum Institut Grand-Ducal, Section de linguistique, d'ethnologie et d'onomastique.

De Fausto Gardini ass den éischte Lëtzebuerger Auteur deen e Buch als digital Versioun (Englesch: e-book) publizéiert huet. Säin 'Storms Over Luxembourg' koum am August 2009 eraus a gouf am 'La Voix du Luxembourg' vum Freideg, den 9. Oktober 2009 vum Josy Lorent ënnert de Titel: 'Fausto Gardini beschreibt das Krisenjahr 1919 "Storms over Luxembourg" als E-Book erschienen.' Um RTL gouf d'Buch de 5. November 2009 presentéiert, ënnert dem Titel: 'Den Éischte Weltkrich an d'Konsequenzen dovun zu Lëtzebuerg, esou de Sujet vum Fausto Gardini sengem neisten eBook "Storms Over Luxembourg"'.

2013 huet hien dem Roger Krieps säi Buch Luxemburger in Amerika (Bourg-Bourger, Luxemburg 1962) op Englesch iwwersat als Luxembourgers in America.

Wierker änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Memorial A No 30 du 22 juin 1976. Lois du 9 juin 1976 conférant la naturalisation.
  2. Internetsäit mam Verwaltungsrot a Personal vun der Luxembourg American Cultural Society Archivéiert op 2018-06-23. Gekuckt de(n) 2018-04-25.