Face-On-Galaxis
Eng Spiralgalaxis gëtt als face on bezeechent, wann hir Schréilag (Inklinatioun) kleng ass (am Extremfall 0°) an si dofir „vun uewe“ gesi gëtt. Bei Face-On-Galaxië sinn d'Scheif mat de Spiraläerm an den zentrale Beräich (Bulge) gutt ze gesinn. Fir Amateurastronomen ass eng Observatioun wéinst der schwaacher Flächenhellegkeet schwiereg. De Géigendeel vu Face-On-Galaxië sinn Edge-On-Galaxien, déi vun der Säit gesi ginn.
