FC Kuban Krasnodar
Offiziellen Numm: Futbol'nyi Klub Kuban' Krasnodar
(Foussballclub Kuban Krasnodar)
Grënnung: 1928
Stadion: Stadion Kuban, Krasnodar (Russland)
Plazen: 32 000
President: Aleksandr Tkatschow
Trainer: Sergej Pawlow
Liga: Premjer Liga
Saison: 2008
Positioun: Russesch Éischt Divisioun 2. Plaz
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

De Foussballclub Kuban Krasnodar (russ.: Футбольный клуб "Кубань" Краснодар) ass e russesche Foussballclub vu Krasnodar.

Veräinsgeschicht änneren

De Club ass 1928 gegrënnt ginn ënner dem Numm Dynamo. Duerno ass en eng sëllege Kéieren ëmgedeeft ginn, fir d'éischt 1954 an Neftjanik, dunn 1958 a Kuban, 1960 a Spartak, a vun 1963 bis haut heescht en nees Kuban, sou wéi de Floss Kuban deen duerch Krasnodar leeft.

Vum spilltechneschen Niveau hier huet de Club virun allem an deene méi ënneschten Divisioune vum sowjetesche Foussball gespillt, konnt awer ëmmerhi véiermol d'RSFSR Championnat gewannen. Dräi Saisonen, vun 1980 bis 1982, huet en däerfen an der Sowjetescher Héchster Liga matspillen, wou en 1981 mat der 13. Plaz säi bescht Resultat hat.

1992 huet Kuban wéinst dem Zesummebroch vun der Sowjetunioun däerfen am ieweschten Tableau matspillen, ass awer just déi 18. vun 20 Ekippe ginn an ass dowéinst awer fir e puer Saisonen an déi Éischt an souguer Zweet Divisioun gefall. An de leschte Joren huet Kuban sech dunn nees besser geschloen a konnt zweemol an d'Russesch Premier Liga eropkommen, fir 2004-2005 an 2006-2007, mä ass all Kéier no enger Saison nees an d'Éischt Divisioun gefall.

Palmarès änneren

RSFSR Championnat:

Um Spaweck änneren