Fënsterbriet

(Virugeleet vu(n) Fënsterbänk)

E Fënsterbriet ass eng schmuel horizontal Fläch ënner enger Fënster oder den ënneschten Deel vum Kader vun der Fënster. D'Fënsterbriet ka bannent oder baussent der Fënster sinn, oder op deenen zwou Säiten.

E bannescht Fënsterbriet op deem eng Vas mat enger Blumm steet

Dat baussenzegt Fënsterbriet, meeschtens Fënsterbänk genannt, gehéiert zu de Gewänner an ass dacks aus dem selwechte Material wéi déi, zu Lëtzebuerg an Ëmgéigend dacks aus Sandsteen, Schifer, bloe Steen, oder och alt Zillen. Heiansdo kann d'Uewerfläch och mat Plättercher ofgedeckt sinn, oder och alt mol bei Metallkonstruktiounen aus Blech oder Inox sinn.