Fändel vun der Zentralafrikanescher Republik

De Fändel vun der Zentralafrikanescher Republik ass den 1. Dezember 1958 adoptéiert ginn. E gouf vum éischte President vum autonome franséischen Territoire Ubangi-Schari, dem Barthélemy Boganda entworf. De selwechten Dag, ënner dem Impuls vum Boganda, ass aus dem Ubangi-Schari déi onofhängeg Zentralafrikanesch Republik ginn.

De Fändel vun der Zentralafrikanescher Republik

Fändel änneren

De Fändel besteet aus véier horizontale Sträifen (vun uewen no ënnen an de Faarwe blo, wäiss, gréng a giel), enger vertikaler rouder Sträif an der Mëtt an engem giele Stär am ieweschte lénksen Eck. Der offizieller Erklärung no steet déi rout Faarf fir d'Blutt dat vum Vollek fir d'Onofhängegkeet vergoss gouf, an d'Blutt dat et wäert vergéisse fir d'Natioun ze beschützen. Déi blo Faarf representéiert den Himmel an d'Fräiheet; wäiss steet fir Fridden an Dignitéit a gréng fir Hoffnung a Glawen. Giel representéiert d'Toleranz.[1]

Vun 1976 bis 1979, der Period wärend där de Jean-Bédel Bokassa d'Zentralafrikanesch Republik zum Zentralafrikanesche Keeserräich ausgeruff hat, gouf et zousätzlech zum Nationalfändel nach eng gréng keeserlech Standart mat engem gëllenen Aadler.[2]

Um Spaweck änneren

Commons: Fändel vun der Zentralafrikanescher Republik – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. flagspot.net: Zentralafrikanesch Republik
  2. flagspot.net: Zentralafrikanescht Keeserräich