E Fächer oder e(ng) Wandschaff (vu "Wand schäffen") ass e klengt liicht Geschier, dat ee mat der Hand hin an hier wéitscht, fir e Loftzuch ze provozéieren, deen ofkille soll.

En Handfächer

E Fächer besteet gewéinlech aus längelzege Stief, déi un engem Wupp matenee verbonne sinn. De Rescht gëtt duerch Stofft, Pabeier oder soss Material zesummegehalen, déi wann d'Stief auserneegezu sinn, ongeféier eng Fläch vun engem bis zwee Drëttel vun enger Scheif forméieren. D'Uewerfläch vun deem Material ass dacks bedréckt oder bemoolt, oder soss dekoréiert. Déi zwéi baussenzeg Stief sinn aus enger Plack oder soss engem méi haarde Material, dat de Fächer schützt, wann en zesummegeklappt ass.

Als Moudenaccessoire spillt den Handfächer bei Fraen a verschiddene Kulturen eng Roll.

E mechanesche Fächer a Form vun engem Propeller, deen ëm eng Achs rotéiert, nennt ee Ventilator.