Explorer 10

US-amerikanesche Satellit

Den Explorer 10 war e Satellit vun der US-amerikanescher Weltraumagentur NASA am Kader vum Explorer-Programm. Zil vun der Missioun waren Ënnersich vum Äerdmagnéitfeld a vun der solarer Korpuskularstralung. Den Explorer 10 gouf dofir op eng héichelliptesch Ëmlafbunn bruecht a war spinstabiliséiert.

Explorer 10
De Fuerschungssatellit Explorer 10
Typ Fuerschungssatellit
Land  USA
Agentur NASA
Apogeum 180.999 km
Perigeum 220 km
Bunnschréi 33°
Mass 79 kg
Bunn-Ëmlafzäit 83,5 min
Exzentrizitéit 0,89132
Start 25. Mäerz 1961, 15:17 UTC
Startplaz Cape Canaveral Air Force Station LC 17
Drorakéit Thor-Delta
Status ausser Betrib zanter 27. Mäerz 1961

D'Liewensdauer vum Satellit war wéinst der Stroumversuergung mat Batterien op nëmmen 52 Stonne virgesinn. Wärend der ganzer Missioun hat hien Donnéëe geschéckt. Déi lescht Informatioune goufen aus enger Distanz vun 42,3 Äerdradie gesent. Et war deen éischte Satellit deen d'Schockwell vun enger Sonneneruptioun moosse konnt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Quellen änneren