De Pierre Eugène Weiwertz, gestuerwen de 4. September 1900 op Iechternacherbréck am Alter vun 63 Joer, war en Iechternacher Gierwer.

Eugène Weiwertz
Gestuerwen 4. September 1900

Den Eugène Weiwertz war President vum Iechternacher Verschéinerungsveräin am Veräinsjoer 1881/1882, an duerno vun 1883/1884 u bis 1896/1897.

Vu senger Grënnung am Januar 1886 un, an nach jorelaang duerno, war den Eugène Weiwertz Vizepresident vum lëtzebuergesche Landesveräi fir Beienzuucht (Luxemburgischer Landesverein für Bienenzucht).

Literatur

änneren
  • Massard, J.A., 2012. Die Geschichte des Echternacher Verschönerungsvereins. 1880 wurde in Echternach Luxemburgs erster Verkehrsverein gegründet. Echternach, 71 S. (Online publizéiert). [1]