Eugène Aynsley Goossens

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Sir Eugène Goossens, gebuer Eugène Aynsley Goossens zu London de 26. Mee 1893 an och do gestuerwen den 13. Juni 1962 war en engleschen Dirigent a Komponist.

Eugène Aynsley Goossens
Gebuer 26. Mee 1893
Gestuerwen 13. Juni 1962
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Komponist, Dirigent, Musekspedagog
Famill
Geschwëster Sidonie Goossens

Den Eugène Aynsley koum an enger Musekerfamill op d'Welt. Säi Papp den Eugène Goossens (1867-1958), war e franséischen Dirigent a Geiespiller, dee vu Bordeaux gebierdeg war, a säi Grousspapp den Eugène Goossens (1845-1906), war e belsche Museker.

Hien ass den eelste Brudder vun der Marie Goossens (1894-1991) Harfspillerin, dem Adolphe Goossens (1896-1916) Cornist, dem Léon Goossens (1897-1988), Komponist an Hautboisspiller, an der Sidonie Goossens (1899-2004), Harfspillerin.

Hien huet säi Museksstudium um Conservatoire zu Bruges ugefaangen, duerno war hie vun 1905 un um Liverpool College of Music an tëscht 1907 an 1912 zu London um Royal College of Music, wou hie Gei beim Rivarde, a Kompositioun beim Charles Villiers Stanford geléiert huet. Als Geiist gouf hie Chef-Assistent beim Queen's Hall Orchestra gouf hien 1922 Dirigent vum Orchester vu Convent Garden.

Vun 1923 bis 1931 war hien an Amerika, wou en Dirigent vum Rochester Philharmonic war. Duerno war hie bis 1946 Orchesterchef vum Cincinnati Symphony Orchestra. D'Joer drop goung hien an Australien wou en Chef vum New South Wales State Conservatorium of Music vu Sydney war. Hie war och néng Joer Orchesterchef vum Sydney Symphony Orchestra.