Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Ethernet [ˈi:θənɛt] ass eng spezifesch Form vu lokalen Datennetzer (LAN), déi iwwer Kabel matenee verbonne sinn. Si berout op der sougenannter BUS-Technik. En Ethernet-Kabelnetz erméiglecht d'Iwwerdroen an den Austausch vun Daten tëscht allen am lokalen Netz zesummegeschlossene Komponenten (Computer, Imprimante, Scanner asw.). A senger traditioneller Form war d'Dimensioun vun engem Ethernet-Netz am Ufank op een eenzegt Gebai beschränkt. Dat ass haut net méi wouer, well LAN-Netzer opgrond vun den neien Technologien Informatikkomponenten iwwer wäit Strecken ënnerenee verbanne kënnen. E kabelverbonnent LAN däerf net mat engem WLAN (Wireless LAN), bei deem d'Netzwierkunitéiten net duerch Kabele matenee verbonne sinn, mä iwwer Funk matenee kommunizéieren, verwiesselt ginn.

Bus-Technologie op déi engt Ethernet-Netzwierk opgebaut ass

Technik a Variante vun Ethernet-Netzer änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Ethernet – Biller, Videoen oder Audiodateien