Ethelweard

Kinnek vun England
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Ethelweard (Æðelweard), gebuer 904 a gestuerwen 924, war de Jong vum Edward dem Eeleren an no enger Versioun vun der Angelsächsescher Chronik gouf hien am Joer 924 zum Kinnek vun England ernannt.

Ethelweard
Titelen
Virgänger Edward den Eeleren
Nofollger Athelstan
Biographie
Gebuer 904 jul.
Gestuerwen 2. August 924 jul.
Oxford
Papp Edward den Eeleren
Mamm Elfleda
Geschwëster Edgitha, Athelstan, Edmund I. vun England, Edred vun England, Eadhild

Hie soll sech als Eremit op Bridgnorth zeréckgezunn hunn, an nom Doud vu sengem Papp soll hie vum Witenagemot zum Kinnek gewielt gi sinn. Hien ass zu Oxford gestuerwen, nodeem hien nëmme 16 Deeg um Troun souz. Et gouf erzielt datt säin Hallefbrudder an Nofollger Æðelstan hien ëmbrénge gelooss huet. Hien ass zu Winchester begruewen.

Virgänger:
Edward den Eeleren
Kinnek vun England
924
Nofollger:
Athelstan