Estrigon
Den Estrigon ass eng Baach am Departement Landes an e rietsen Niewefloss vun der Midouze. E gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vum Adour.
Laf änneren
Den Estrigon huet seng Quell ëstlech vun der Uertschaft Le Sen an de Landes op enger Héicht vun 110 Meter. E leeft duerno bal de ganzen Zäit a südwestlecher Richtung fir zu Campet-et-Lamolère op enger Héicht vu 35 Meter an d'Midouze ze lafen. En ass 40,5 km laang.
Geographesch Situatioun änneren
De ganze Laf vum Estrigon ass am Departement Landes, am Arrondissement Mont-de-Marsan wou en duerch d'Kantone Labrit a Mont-de-Marsan-Nord leeft.
Vun uewen no ënne gesinn, leeft en duerch d'Gemenge Le Sen, Labrit, Vert, Brocas, Cère, Uchacq-et-Parentis a Campet-et-Lamolère.