Estremoz-Rosé oder och Estremoz rose ass e portugisesche Marmer deen haaptsächlech aus der Géigend vun Estremoz an der Region Alentejo kënnt. Et gëtt och Steebréch an der Géigend vu Badajoz a Spuenien, eng ronn 50 km ëstlech vun Estremoz.

De Estremoz-Marmer gëtt et a verschiddene Faarftéin vu rosa bis gro-wäiss, an en huet gro, blozeg, oder och heiansdo violett Venen. E gëtt haaptsächlech am Bau, fir bannen an de Gebaier gebraucht.