Espérance Rumelange ass en Handballclub vu Rëmeleng, deen am Joer 1963 gegrënnt gouf.

D'Dammenekipp war eemol Champion de Luxembourg an huet véiermol d'Coupe de Luxembourg mat op Rëmeleng geholl.

D'Härenekipp war eemol Finalist vun der Coupe de Luxembourg a béid Ekippe sinn nodeem se laang an der Nationaldivisioun waren, zanter e puer Joren an der Promotioun ze fannen. Do gouf d'Dammenekipp Champion de Promotion; et goung am Play-Off awer net duer fir an d'Nationaldivisioun, déi haiteg Sales-Lentz League, ze steigen.

Um Spaweck änneren

  • D'Fiche vum Veräin op der Websäit vun der FLH