D'Eschatologie (v. gr. εσχατα - "déi lescht Saachen") ass eng theologesch Disziplin déi sech mat de sougenannte leschte Saache beschäftegt. Dës lescht Saache sinn no chrëschtlecher Opfaassung den Doud, de jéngsten Dag, den Himmel an d'Häll. Dës lescht Saache betreffe souwuel dat perséinlecht Liewensenn (individuell Eschatologie) wéi och d'Enn vum Universum (universal Eschatologie)

Chrëschtlech Eschatologie änneren

Fir d'Chrëschtentum ass d'Eschatologie vu grousser Bedeitung aus e puer Ursaachen. No chrëschtlecher Opfaassung:

  • huet nämlech dat eschatologescht Zäitalter (i. e. d'Gottesherrschaft) schonn ugefaangen, nämlech mat der Menschwerdung vu Gott (cf. Jesus Christus). Dëst beschreift treffend d'Gläichnes vum Sauerdeeg (Mt 13,33). Och de Paulus schreift (z. B. Ph 3) vun der sougenannter eschatologescher Spannung, d. h. d'Räich Gottes ass deelweis elo schonn present awer nach net ganz.
  • betrëfft s'all Mënsch, ob e gleeweg ass oder net ("metaphysesche Selbstmord" (ech gleewen näischt, da geschitt mer och näischt) ass net méiglech)
  • ass s'onauswäichlech; genee wéi den Universum en Ufank huet, sou huet en och en Enn.

Iwwer dat wat sech elo konkreet um Enn vun der Zäit z'erwaarden ass ka kaum eppes geneeës gesot ginn. A fréieren Zäite gouf et dofir ergräifend an erschreckend Duerstellungen, déi sech op déi apokalyptesch Literatur baséiert hunn. Haut versteet een dës Erzielungen net méi als Virausreportage iwwer dat wat soll kommen. Wichteg sinn awer ëmmer nach verschidde biblesch Texter, z. B. den Text iwwer d'jéngst Geriicht (Mt 25), dat op e perséinlecht Begéine vu Gott hiweist, an déi sougenannt Séilegpreisungen aus der Biergpriedegt (Mt 5), déi vun enger Aart Belounung am Räich Gottes schwätzen, fir Saachen déi op der Welt geschitt sinn.

Um Spaweck änneren

Commons: Eschatologie – Biller, Videoen oder Audiodateien