Erinome (Mound)

Jupitermound


De Mound Erinome (oder Jupiter XXV) ass ee vun de klenge baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.

Erinome
(Jupiter XXV)
Provisoresch oder
systematesch
Bezeechung
S/2000 J 4
Zentralkierper Jupiter
Eegenschafte vum Orbit
Grouss Hallefachs 23.279.000 km
Periapsis 17.087.000 km
Apoapsis 29.471.000 km
Exzentrizitéit 0,266
Ëmlafzäit 728,30 Deeg
Ëmlafvitess 2,32 km/s
Inklinatioun 164,90°
Physikalesch Donnéeën
Mëttleren Duerchmiesser ≈ 3 km
Dicht 2,6 g/cm3
Albedo 0,04
Visuell Magnitude (mag) 22,8
Entdeckung
Entdecker IFA Hawaii
Entdeckungsdatum 23. November 2000

Entdeckung änneren

Den Erinome gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Ufanks krut de Mound déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 4.

De Mound gouf no der Erinome aus der griichescher Mythologie, der Duechter vum Celes genannt.

Bunndaten änneren

Den Erinome kreest a 728 Deeg, 12 Stonnen a 14 Minutten op enger mëttlerer Distanz vun 23.196.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2665. Mat enger Inklinatioun vun 164,934° ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.

Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Erinome zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.

Physikalesch Daten änneren

Den Erinome huet e mëttleren Duerchmiesser vun zirka 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. E besteet warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs. De Mound huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,8m.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren