Eng Epicerie ass en Eenzelhandelsgeschäft, an den Uertschaften, dat Iessen, ma och soss all méiglech net ze grouss Saache fir den deegleche Gebrauch zum Verkaf ubitt.

Eng Epicerie an der Stad Lëtzebuerg, am Joer 1897. Foto: Charles Bernhoeft.
Eng Epicerie zu Esch-Uelzecht, 2006.

Den Numm deit drop hin, fatt do fréier an éischter Linn Gewierzer ze kafe waren (aner Iesswueren huet ee beim Bäcker, Metzler Fëschhändler, Geméis- oder Uebsthändler, asw. kaf). Wéi am 19. Joerhonnert d'Technike sech duerchgesat hunn, fir Iesswueren industriell méi laang ze konservéieren (a Konservebéchsen, duerch Dréchnen, asw.), ass d'Offer vun den Epicerië méi grouss ginn. No an no huet een do all méiglech allgemeng Iesswueren ze kafe kritt, och frëscher, an och ëmmer méi, wat ee soss sou am Stot brauch, vu Fixspéin bis Seefeprodukter.

Tierkei

Am Laf vum 20. Joerhonnert sinn d'Produkter ëmmer méi fäerdeg agepaakt op de Maart komm, an ëmmer manner am Lassenen, sou datt sech, vun der zweeter Hallschecht vum 20. Jh. un, de Self-service och an den Epicerien duerchgesat huet. Do dernieft hunn déi kleng Epicerien ëmmer méi staark Konkurrenz kritt vun de Succursalë vu grousse Supermarchés-Chaînen, déi, nodeems se sech op der grénger Wiss, baussent den Uertschaften, ausgebreet hunn, absënns zanter den 2000er Joren, nees a klenge Strukture bannent den Uertschafte etabléieren, zum Deel och an Zesummenaarbecht vun anere Forme vu Commerce, wéi de Bensinnsstatiounen.

Déi kleng eegestänneg Epiceriën hunn deem Phenomeen entgéint gewierkt, andeems se sech spezialiséiert hunn, z. B. op Produkter aus bestëmmte Regiounen, oder vu besonnesch héijer Qualitéit, oder awer, andeems se zu aneren Zäiten op hu wéi déi aner Geschäfter (z. B. sonndes oder owes; am leschte Fall schwätzt ee vun "Night Shop"). D'Eenzelhandels-Epicerien hu sech och scho fréi zesummegedoen, z. B. an Akafskooperativen, fir sou méi gënschteg Akafskonditiounen aushandelen ze kënnen.

An de leschte Joerzéngte fënnt een och a manner dicht besidelte Géigende mobil Epiceriën, déi um Tour vun Duerf zu Duerf fueren.

Um Spaweck änneren

Commons: Epicerien – Biller, Videoen oder Audiodateien