epd Film ass eng däitsch Filmzäitschrëft, déi zanter 1984 all Mount erauskënnt. Si gëtt publizéiert vum Evangelischer Pressedienst

De Virleefer war epd Kirche und Film, eng Zäitschrëft, déi sech däitlech méi op Kierchenthemae gestäipt hat.

epd Film gëtt op engem seriéise Niveau eng Iwwersiicht vun der Aktualitéit vum internationale Film. Den Ëmfang ass geklomme vu 40 Säiten am schwaarz/wäiss op 60 Säite komplett faarweg.

All Heft besteet aus dräi Deeler:

  • D'Kriticken iwwer aktuell Filmer
  • Gréisser Iwwerblécksartikelen iwwer Perséinlechkeeten aus der Filmwelt, Filmlänner oder Genren, an ausféierlech Gespréicher mat Regisseuren an anere Filmleit.
  • Dem Magazin: Reportagen iwwer Filmfestivalen, Kriticken iwwer DVDen, Filmmusek-CDen a Bicher iwwer Film.

D'Redaktioun vun epd Film déi zu Frankfurt am Main hir Büroen huet, besteet aus dräi Redakteren. Verantwortleche Redakter vun 1984 bis 2002 war de Wilhhelm Roth, zanterhier ass et de Rudolf Worschech. Déi meescht Artikele gi vu fräie Mataarbechter geschriwwen.

Redakteren an Auteuren änneren

  • Rudolf Worschech
  • Sabine Horst
  • Bettina Thienhaus
  • Georg Seeßlen
  • Jörg Buttgereit
  • Frank Arnold
  • Hans Schifferle
  • Christoph Dompke
  • Detlef Kühn
  • Stefan Höltgen
  • Raimund Gerz
  • Manfred Riepe

Um Spaweck änneren