Entente Izeg / Union Réimech-Bous
Entente Izeg/Union Réimech-Bous | ||||
Offiziellen Numm: | Entente Izeg/Union Réimech-Bous | |||
---|---|---|---|---|
Grënnung: | 2010 | |||
Opgeléist: | 2011 | |||
Stadion: | Stade Albert-Kongs an Terrain Jos Durbach | |||
Plazen: | 1200 / 2740 | |||
President: | Ivica Repušić / Nic Johanns | |||
Trainer: | Mars Noesen + Thierry Reinert | |||
Liga: | 1. Liga | |||
Saison: | 2010/11 | |||
Positioun: | 8. | |||
|
Bedéngt duerch d'Fusioun vun den 2 Veräiner AS Réimech an US Bous, huet d'Entente zwëschent de Veräiner FC Blo-Wäiss Izeg a Bous an der Saison 2010/11 ënner dem Numm Entente Izeg/Union Réimech-Bous gespillt.
D'Heemmatcher goufen um Stade Albert-Kongs zu Izeg respektiv um Terrain Jos Durbach zu Bous ausgedroen.
D'Entente Izeg/Union Réimech-Bous huet an der Saison 2010/11 an der 1. Liga vum Lëtzebuerger Dammefoussballschampionat gespillt; Trainere waren de Mars Noesen an den Thierry Reinert.
Um Enn vun där Saison hu béid Comitéen decidéiert, et bei enger eejäreger Aventure ze beloossen a béid Veräiner sinn nees getrennt Weeër gaangen, sou datt d'Dammenekipp vum FC Blo-Wäiss Izeg vun 2011/12 nees op eegene Féiss stoung.
Statistik:
- Saison 2010/2011: 1. Liga: 8. Plaz/10, 21 Punkten