Entente Izeg/Kanech
FC Blo-Wäiss Izeg
Offiziellen Numm: Entente Izeg/Kanech
Grënnung: 2015
Opgeléist: 2016
Stadion: Stade Albert-Kongs a Stade Rue de Lenningen
Plazen: 1200 / 1000
President: Ivica Repušić / Paul Trierweiler
Trainer: Yves Block

Franck Bento

Liga: 1. Liga
Saison: 2015/16
Positioun: 7.
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Virun der Saison 2015/16 huet de Comité vum FC Jeunesse Kanech beim FC Blo-Wäiss Izeg ugeklappt fir bei den Dammen eng Entente anzegoen, well se soss fir déi nei Saison Problemer kritt hätten, eng Ekipp op d'Been ze stellen. Den Izeger Comité huet dra gelaut, esou datt d'Izeger Dammen an der Saison 2015/16 als Entente Izeg/Kanech ugetruede sinn.

Et goufen zwou Dammenekippen, déi ënnert der Entente gelaf sinn: Dammen I an Dammen II.

Allerdéngs ass déi 2.Ekipp an der Réckronn aus dem Championnat ausgescheet, bedéngt duerch eng 2. Forfait-Nidderlag.

Den Yves Block war am Ufank vun der Saison Trainer vun der 1.Dammenekipp ier hien am November vum Franck Bento ofgeléist gouf, dat nodeems den Alain Lahyr kuerz als Interim agespronge war; parallel dozou huet de Jean-Louis Mannon de Gennaro Todisco als Trainer vun der 2.Dammenekipp ersat, bis dës 2.Ekipp eeben aus deene bekannte Grënn keng Matcher méi gespillt huet.

Sämtlech Championnatsmatcher vun deenen 2 Ekippe sinn zu Izeg um Stade Albert-Kongs gespillt ginn, d'Heem-Matcher an der Coupe de Luxembourg goufen zu Kanech um Stade Rue de Lenningen gespillt.

De fréiere Partner vu Kanech, d'Union Réimech/Bous, war net méi an dëser Entente mat dobäi.

En Novum gouf et dann awer och nach bei den Izeger Dammen ze verzeechnen: An der Saison 2015/16 huet fir déi alleréischte Kéier eng Ekipp "Jeunes Filles" um Lëtzebuerger Dammechampionnat deelgeholl. Si huet an der 2.Klass gespillt, awer net als Entente leeft, mä eegestänneg als FC Blo-Wäiss Izeg. Hiren Trainer war de Steve Nunes.

Statistik:

  • Saison 2015/2016: 1. Liga: 7. Plaz/12, 27 Punkten
Entente Izeg/Kanech - Saison 2015/2016

D'Ekipp "Jeunes Filles" vum FC Blo-Wäiss Izeg 2015/2016