Engie
franséisch Entreprise am Energiesecteur
Engie ass eng franséisch Entreprise, déi am Energiesecteur aktiv ass. Si schafft an der Produktioun an Distributioun vun elektreschem Stroum a Gas.
Engie | |
---|---|
Typ | Aktiegesellschaft (SA) |
Grënnungsdatum | 22. Juli 2008 |
Sëtz |
La Défense, Courbevoie Frankräich |
Mataarbechter | 160.000 (2018)[1] |
Ëmsaz | 61 Milliarden € (2018)[1] |
Branche | Energieliwwerant |
Homepage | engie.com |
Engie ass den 22. Juli 2008 mat der Fusioun tëscht Gaz de France (GDF) a Suez entstanen. 2010 huet GDF Suez, wéi d'Entreprise dunn nach geheescht huet, déi brittesch Firma International Power opkaaft. Zënter 2015 heescht de Grupp offiziell "Engie".
De franséische Staat war 2021 mat 24% vun den Aktien de gréissten Aktionär vun Engie.[2]
De Sëtz vun Engie ass zu Courbevoie am Quartier La Défense, bei Paräis.
D'Entreprise gëtt op de Bourssen zu Paräis, Bréissel a Lëtzebuerg kotéiert an ass en Deel vun de Bourssenindexen CAC 40 a BEL20.
Um Spaweck
ännerenCommons: Engie – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 engie.com: Engie en chiffres, 2018 (gekuckt de 26. August 2021)
- ↑ engie.com: Structure de l’actionnariat (gekuckt de 26. August 2021)