Engels (Stad)

Stad am Oblast Saratow a Russland
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Engels (op Russesch: Энгельс) ass eng Stad am Oblast Saratow am Wolga-Federatiounskrees a Russland. Si läit eng 2,8 km ëstlech vu Saratow (iwwer d'Bréck vu Saratow), um rietsen Uwänner vun der Wolga, dem längste Floss vun Europa.

Engels
Land Russland
Federatiounskrees Wolga
Status Oblast
Regioun Saratow
Gegrënnt 1747
Awunner 225.752 (2017)
Fläch 121
Koordinaten 51°30'6"N, 46°7'20"O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 8453
Postcode 413100
Websäit http://engels-city.ru

Si ass de Verwaltungszentrum vum Distrikt Engels. Si huet 202.419 Awunner (Stand 2010)[1] an eng Fläch vun zirka 121 km².

Engels gouf am Joer 1747 vun ukraineschen Immigrante gegrënnt als Pokrowskaja Sloboda (ru: Покровская Слобода, uk: Покровська слобода). Am Joer 1914 gouf d'Stad op Pokrowsk (Покровск) ëmbenannt, fir awer schonn 1931 nees eng Kéier den Numm ze changéieren an Engels, nom Friedrich Engels.

Engels/Pokrowsk war d'Haaptstad vun der Wolgadäitscher Republik (1924–1941).[2]

D'Bourse vum Weess op der Fräiheetsplaz

Um Spaweck änneren

Commons: Engels – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. http://www.gks.ru/free_doc/new_site/perepis2010/croc/perepis_itogi1612.htm
  2. http://engels.me/2010-06-08-17-10-02/2011-01-21-09-03-17