Endoplasmatescht Retikulum

Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Dat endoplasmatescht Retikulum ass e System vun Membranen a Form vun Tüben an ofgeflaachte Säck bannent enger Zell, dat meeschtens déi ganz Zell duerchzitt. Et ass a Verbindung mat der Kärenvelopp an der Zellmembran. Den Interieur vun dësem System heescht Lumen an ass souwuel mam externe Milieu wéi mam perinukleare Raum a Verbindung. Et kann een tëscht granularem (rauem) an agranularem (glatem) endoplasmatesche Retikulum ënnerscheeden.

Granulaart Retikulum änneren

Ënner engem Transmissiounselektronemikroskop observéiert, gesäit d'endoplasmatescht Reticulum rau aus well et mat Ribosomen iwwerséit ass. Dës synthetiséieren déi Proteinnen déi sekretéiert ginn an déi transmembranéis sinn.

Agranulaart Retikulum änneren

Et ass eng Plaz wou Proteinnen a Lipide stockéiert kënne ginn an et ass do wou Phospholipiden zesummegesat ginn.

Um Spaweck änneren

Commons: Endoplasmic reticulum – Biller, Videoen oder Audiodateien