Enclos des fusillés (Noville)

Monument zu Noville dat un den Doud vun 8 Leit aus dem Zweete Weltkrich erënnert

Den Enclos des fusillés zu Noville an der Gemeng Baaschtnech ass e Monument aus dem Zweete Weltkrich dat un den Doud vu 7 Awunner vun Noville oder aus der noer Ëmgéigend an e Lëtzebuerger Refractaire, de Michel Stranen, erënnert. Déi aacht Männer ware vun den SS den 21. Dezember 1944 an der Zäit vun der Ardennenoffensiv erschoss ginn.

Enclos des fusillés
Den Enclos des fusillés
Typ Krichsmonument
Land Belsch
Gemeng Baaschtnech
Plaz Noville-lez-Bastogne
Koordinaten 50°3'46,22"N, 5°45'38,34"O
Gedenkplack

Ënner den Affer waren ë. a. de Paschtouer an de Schoulmeeschter vum Duerf, souwéi de Papp vum belsche Ministre d'État Gérard Deprez an dee vum wallounesche Minister a Baaschtnecher Buergermeeschter Guy Lutgen.

Gedenkplack änneren

Op der Gedenkplack vum Monument steet dësen Text:

ICI FURENT FUSILLES LE 21-12-1944

Abbé Delvaux Louis
Beaujean Roger
Deprez Félix
Deprez François
Lutgen Auguste
Henkinet Romain
Rosière Joseph
Stranen Michel

Um Spaweck änneren

Commons: Noville – Biller, Videoen oder Audiodateien