Emmanuelle Parèze
D'Emmanuelle Parèze, och Emmanuelle Parèze-Belda ass eng fréier franséisch Schauspillerin, déi mat Rollen am Theater[1][2] an a Pornofilmer bekannt gouf[3][4].
Emmanuelle Parèze | |
---|---|
Gebuer | 20. Joerhonnert |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Pornofilm-Schauspiller, Theaterschauspiller |
An der Mëtt vun den 1960er Joren ass d'Emmanuelle Parèze fir d'éischt op der Theaterbün opgetrueden[1]. Si ass ënner anerem an TV-Versioune vun Theaterstécker, wéi a La prétentaine (1966, als Emmanuelle Parez) aus enger Serie vun der beléifter Emissioun Au théâtre ce soir opgetrueden[5].
1975 huet d'Parèze d'Carrière als Pornoactrice ugefaangen an huet ënner den Aliassen Danièle Delaude, Danielle Delande, Daniele Deslandes, Inger Hanns, oder ënner dem reellen Numm gefilmt. Si war a ronn 20 Produktiounen, wéi z. B. a Les weekends d'un couple pervers[6], a L'essayeuse an der Haaptroll[7], oder am provokante Shocking ! (1976)[8] opgetrueden. 1983 huet si d'Aktivitéit an der "Industrie" opginn[4].
Vun 1978 un, koum si no an no op Bün zeréck[2]. Hir lescht bekannt Theaterroll war am Stéck Les fils du soleil (1985)[1]. Hiert spéidert Liewen ass onbekannt.
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 1,2 https://www.lesarchivesduspectacle.net/?IDX_Personne=59529
- ↑ 2,0 2,1 Archive copy Archivéiert de(n) 30.07.2012. Gekuckt de(n) 30.07.2012.
- ↑ Fiche op IMDb (en)
- ↑ 4,0 4,1 Fiche op IAFD (en)
- ↑ http://kiriloff.free.fr/les_pieces_du_theatre_ce_soir/1966.html#17
- ↑ http://www.egafd.com/actresses/details.php/id/e00017
- ↑ https://toutelaculture.com/cinema/dictionnaire-des-films-francais-pornographiques-et-erotiques/
- ↑ Francis Moury, Dictionnaire des films français pornographiques et érotiques 16 et 35 mm - Serious Publishing, 2011