Eng Elliptesch Galaxis ass eng Galaxis, déi sech vun anere Galaxiëformen an der Hubble-Sequenz duerch hir gläichméisseg Liichtverdeelung an d'Feele vun opfällege Strukture wéi an de Spiralgalaxien ënnerscheet.

D'elliptesch Galaxis NGC 4881 am Coma-Galaxiëkoup

Elliptesch Galaxië si relativ hell an hirem Zentrum mat engem ufanks séierem an da méi luesem Hellegkeetsoffall no baussen. D'Linne mat der selwechter Hellegkeet (Isophoten) loosse sech zimmlech genee duerch d'konzentresch Ellips beschreiwen. An der Hubble-Sequenz ginn elliptesch Galaxien no der Form vu sou Ellipsen a Klassen E0 (kreesfërmeg) bis E7 (staark ofgeplatt) ënnerscheet. Déi dem E zougesaten Zuel bestëmmt sech dobäi als 10 (a-b)/a, woubäi a d'Gréisst vun der grousser a b déi vun der klenger Achs vun der Ellips ass.

Den Undeel vun elliptische Galaxien an der Gesamtzuel vun de Galaxien ass staark vun der Ëmgéigend ofhängeg. A grousse Galaxiëkéip si bal d'Hallschent vun de Galaxien elliptesch, wärend den Undeel a Regioune mat manner Galaxiendicht ënner 10% fält. Och fënnt sech am Zentrum vu ville Galaxiëkéip eng besonnesch masseräich elliptesch Galaxis oder eng änlech als cD-Galaxis bezeechent Galaxisform.

Et gëtt vill Änlechkeeten tëscht eppes liichtschwachen elliptesche Galaxien an den zentralen Bulges vu Spiralgalaxien. Z'ënnerscheede sinn elliptesch Galaxië vun de liichtschwaache spheroideschen Zwerggalaxien, déi zwar gläichfalls Ellipseform hunn awer aner Zesummenhäng tëscht Hellegkeet a Gréisst hunn.

Déi meescht Stären an elliptesche Galaxië sinn al. Elliptesch Galaxien enthalen och meeschtens ganz wéineg interstellar Matière aus deenen nei Stären entstoe kënnen. Wéinst hirem Alter an hirer héijer zentraler Stärendicht gouf dacks ugeholl, datt elliptesch Galaxië scho viru ronn 10 Milliarde Joren duerch de séiere Kollaps enger eenzeger grousser Gaswollek entstane wier. Déi Virstellung kann awer nëmme schwéier déi kleng Rotatioun vu villen elliptesche Galaxien erklären, an et verdréit sech net gutt mat enger Grondmeenung vun der haiteger Kosmologie, datt nämlech d'Strukture wéi d'Galaxien duerch Verschmëlze vu klengen Eenheeten entstane sinn. Zudeem gëtt et aus Observatiounen an Theorie Unzeechen, datt beim Verschmëlze vun zwou Spiralgalaxien eng elliptesch Galaxis entsteet.

Zanter de spéiden 1990er weisen Observatiounen ëmmer méi däitlech, datt am Zentrum vun all elliptescher Galaxis an an all Bulge vun enger Spiralgalaxis e Schwaarzt Lach ze fannen ass, dat e puer Promille vun der Mass vun elliptesche Galaxien, souwéi vu Bulgen huet. D'Virgäng am Ufank vun der Entwécklung vu Galaxien a schwaarze Lächer, déi zu dëser Bezéiung féieren, sinn nach onkloer.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Elliptical galaxies – Biller, Videoen oder Audiodateien