Elisabeth Merkels

lëtzebuergesch-däitsch Radiosspeakerin a Lidderschreiwerin

D'Anne Elisabeth Merkels (bestuet Bertram)[1], gebuer den 30. November 1923 a gestuerwen den 3. Oktober 2024[2], war eng lëtzebuergesch-däitsch Radiosspeakerin, Lidderschreiwerin an Autorin. Si huet och ënner de Pseudonymme Lilibert[3] an Jill Jordans[4] geschafft.

Elisabeth Merkels
Gebuertsnumm Anne Elisabeth Merkels
Pseudonym Lilibert, Jill Jordans
Gebuer 30. November 1923
Lëtzebuerg
Gestuerwen 3. Oktober 2024
Nationalitéit Däitschland, Lëtzebuerg
Aktivitéit Liddertexter
Famill
Kanner Elisabeth Bertram

Si war eng vun de Matgrënnerinne vum däitschsproochege Radio Luxemburg, wou si vu Juli 1957 bis Abrëll 1960 d'Emissioun Die Stunde mit Elisabeth moderéiert huet.

Nodeems RTL 1957 ugefaangen huet vum Sender vu Maarnech aus iwwer Mëttelwell ze senden, gouf och en däitschsproochege Programm ausgestraalt. Änlech wéi d'Sendung Date with Marlen am engleschsproochegen RTL-Programm, gouf am däitsche Programm d'Sendung Die Stunde mit Elisabeth mat der Elisabeth Merkels als Moderatrice agefouert. Si gouf séier eng populär Stëmm an e Begrëff am Radiosprogramm.[5]

De 5. Mäerz 1959 gouf d'Elisabeth Merkels mam Kölner Industriellen a Plackeproduzent Hans Bertram bestuet[6] an huet dunn zu Köln beim Westdeutsche Rundfunk geschafft, wou se all Samschdeg d'Emissioun Wie finden Sie das? moderéiert huet. Nodeem si vun RTL fortgaange war, huet si awer nach Emissioune fir de Sender op Tounband opgeholl.[5]

D'Koppel krut eng Duechter, d'Elisabeth (* 08.04.1960)[1], déi am Alter vun zwee bis dräi Joer als Die kleine Elisabeth[7] mat hirem Bebee-Laachen an der däitscher Versioun vum Baby Sittin' Boogie, déi vum Ralf Bendix produzéiert gouf, ze héiere war.

Uganks vun den 1960er Joren huet Elisabeth Merkels ënner dem Pseudonymme Lilibert an Jill Jordans ugefaangen, Liddertexter ze schreiwen.


Wierk (Auswiel)

änneren

Als Lidderschreiwerin

änneren
  • 1959: Marina (fir de Will Brandes)
  • 1962: Baby Twist (fir de Will Brandes)
  • 1964: Memphis, Tennessee (fir de Bernd Spier)
  • 1966: Good Night my Love / Frag nur Dein Herz (fir de Roy Black)
  • 1967: Weißt Du wohin? (Schiwago-Melodie; fir de Karel Gott)
  • 1967: Du bist das Glück (fir de Franz Beckenbauer)
  • 1967: Meine Liebe zu Dir (fir de Roy Black)
  • 1968: Ich denk an Dich (fir de Roy Black)
  • 1969: Dein schönstes Geschenk (fir de Roy Black)
  • 1970: Ein Mädchen nach Maß (fir de Chris Roberts)
  • 1970: Ich bin verliebt in die Liebe (fir de Chris Roberts)
  • 1971: Mein Name ist Hase (fir de Chris Roberts)
  • 1971: Hab' ich Dir heute schon gesagt, daß ich Dich liebe (fir de Chris Roberts)
  • 1971: Schön ist es auf der Welt zu sein (fir de Roy Black an d'Anita)
  • 1972: Mein Schatz, Du bist 'ne Wucht! (fir de Chris Roberts)
  • 1972: Eine Rose schenk ich Dir (fir de Roy Black)
  • 1976: Du bist da (fir d'Ann & Andy)

Als Autorin

änneren
  • Elisabeth Merkels-Bertram, Zeit ist ein Geschenk. Roman, 1998, Haag + Herchen, ISBN 978-3891840955

Um Spaweck

änneren

Referenzen an Notten

änneren
  1. 1,0 1,1 (fr)NAISSANCES. In: Luxemburger Wort, 113. Jg., n° 103, p. 6. (12.04.1960). Gekuckt de(n) 20.10.2024.
  2. (de)Traueranzeigen von Elisabeth Bertram | WirTrauern. www.wirtrauern.de. Gekuckt de(n) 2024-10-20.
  3. (en)Lilibert. discogs.com. Gekuckt de(n) 21.10.2024.
  4. (en)Jill Jordans. discogs.com. Gekuckt de(n) 21.10.2024.
  5. 5,0 5,1 (de)Zehn Jahre Deutsches Programm von Radio-Luxemburg – Jubiläumsprogramm zum Dezennium mit Direktsendung am Nachmittag.. In: Luxemburger Wort, 120. Jg., n° 270, p. 6. (27.09.1967). Gekuckt de(n) 20.10.2024.
  6. (fr)MARIAGES. . In: Luxemburger Wort, 112. Jg., n° 63, p. 6. (04.03.1959). Gekuckt de(n) 20.10.2024.
  7. (en)Die kleine Elisabeth. discogs.com. Gekuckt de(n) 21.10.2024.