D'Elfrida Andrée gebuer den 19. Februar 1841 zu Visby op der schweedescher Ostseeinsel Gotland, a gestuerwen den 11. Januar 1929 zu Göteborg, war eng schweedesch Organistin a Komponistin.

Elfrida Andrée
Gebuer 19. Februar 1841
Gestuerwen 11. Januar 1929
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Dirigent, Komponist, Organist, Fraerechtler

D'Schülerin vum Ludvig Norman a vum Niels Wilhelm Gade war eng Aktivistin an der schweedescher Fraebeweegung. Si war eng vun den éischten Organistinnen a Skandinavien. Vun 1861 u war se zu Stockholm a gouf 1867 Organistin an der Kathedral vu Göteborg. Fir hir Verdéngschter gouf se spéider Member vun der Schweedescher Musekakademie.

Der Elfrida Andrée hir Sinfonië vun 1869 an 1893 sinn hautdesdaags nach ze héieren.
Si huet ausserdeem komponéiert:

  • 1965 e Pianoquintett
  • 1899 d'Oper Fritiofs saga. De Libretto war vun der Selma Lagerlöf, nom Esaias Tegnér sengem Haaptwierk.
  • e puer Orchesterwierker,
  • 1870 e Pianoquartett an
  • 1887 e Pianotrio,
  • Stécker fir Gei a Stécker fir Piano,
  • zwou Massen: Svensk Mässa Nr 1 vun 1902 an Svensk Mässa Nr 2 vun 1903
  • an eng Rei Lieder.

Literatur änneren

  • Eva Öhrström: Elfrida Andrée, 1999, op Schweedesch

Um Spaweck änneren

Commons: Elfrida Andrée – Biller, Videoen oder Audiodateien