Eisebunnsstreck Montluçon-Gannat

D'Eisebunnsstreck Montluçon-Gannat gouf tëscht 1865 an 1871 an der Auvergne gebaut. Si féiert vu Montluçon am Südweste vum Departement Allier op Gannat am Südosten. Bis op e puer Kilometer op der Héicht vu Lapeyrouse, (63), verleeft se ganzen Zäit am Allier.

Uertschaften op der StreckÄnneren

Brécken op der StreckÄnneren

km Numm
Viaduc de Lapeyrière (1871)
348,00 Viaduc du Soleil
350,00 Viaduc des Baladiers
365,00 Viaduc de la Bouble (1871)
368,00 Viaduc du Bellon (1869)
387,50 Viaduc de Rouzat (1869)
389,50 Viaduc de Neuvial (1868)

De Chefingenieur war de Wilhelm Nördling an de Baumeeschter war d'Eisebunnsgesellschaft vum Paris-Orléans.

D'Streck huet eng Totallängt vun 52,614 km. Et gëtt 6 Tunnellen op der Streck mat enger Totallängt vun 1.133 m, an déi 7 Brécke moossen zesummen an der Längt 1.379 m.

ChronologieÄnneren

Bicher an deene vun der Streck riets geetÄnneren

  • Bernard Marrey: Les ponts modernes - 18e et 19e siècles (1. Editioun), Picard Editeur, Paräis; op der Säit 212.
  • Marcel Prade: Ponts et viaducs au XIXème siècle, (1988); Säit 277-280.
  • Marcel Prade: Les ponts monuments historiques, Éditions Brissaud, Poitiers (1988); Säit 43-44.
  • Klaus Stiglat: Brücken am Weg, Ernst & Sohn, Berlin (1997); Säit 82-86.