Den Egbert vun Tréier, och Egbert, Grof vun Holland, gebuer ëm 950 a gestuerwen den 8. Dezember 993, war vun 977 bis 993 Äerzbëschof vum Bistum Tréier.

Den Egbert vun Tréier, Säit aus dem Codex Egberti.

Dem Egbert seng Eltere waren de Grof Dietrich II. vun Holland an d'Hildegard vu Flandern, Duechter vum Grof Arnulf I. vu Flandern. No senger Formatioun am Klouschter Egmond gouf den Egbert 976 dem Otto II. säi Kanzler. Deen huet en 977 als Äerzbëschof vun Tréier agesat, fir datt en d'Intresse vum ottonesche Räich séchere soll. 983 war den Egbert beim Räichsdag vu Verona dobäi.

Hien huet deen no him genannte Codex Egberti, en Evangelistar, a Commande ginn an en der Abtei St. Paulin zu Tréier geschenkt (haut Stadbibliothéik Tréier). Fir den Egbert gouf och dee sougenannten Egbert-Psalter fabrizéiert. Ënner dem Egbert war zu Tréier ee vun de wichtegste Goldschmadd-Ateliere vun der ottonescher Zäit, déi besonnesch fir hir Email-Konscht bekannt ass. Den Aband vum Codex Aureus Epternacensis z. B. kënnt vun do.

Literatur änneren

  • Franz J. Ronig (Hrsg.): Egbert - Erzbischof von Trier 977–993. Gedenkschrift der Diözese Trier zum 1000. Todestag. Selbstverlag des Rheinischen Landesmuseums Trier, ISBN 3923319274

Um Spaweck änneren

Commons: Egbert vun Tréier – Biller, Videoen oder Audiodateien