Eecher Bierg

Strooss an der Stad Lëtzebuerg
(Virugeleet vu(n) Eecherbierg)

Eecher Bierg, offiziell Côte d'Eich, ass den Numm vun enger Strooss an der Stad Lëtzebuerg.

Côte d'Eich
Luxembourg - côte d'Eich Eecherbierg - nom de rue.jpg
Numm lb: Eecher Bierg
fr: Côte d'Eich
Fréieren Numm fr: ieweschten Deel:
Rue du Casino(bis 1925)[1]
de: Eicher Berg
Bemierkung Vum Boulevard Royal bis
op d'Eecher Plaz, Deel vun der
Nationalstrooss 7
Längt ca. 1.710 m
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Quartier Eech, Lampertsbierg, Uewerstad
Postcode 1450
Koordinaten 49° 37’ 11’’ N
06° 07’ 49.2’’ O

BeschreiwungÄnneren

Den Eecher Bierg gehéiert zum gréissten Deel bis zur Kräizung mat dem Boulevard Royal zu der N7. Dat 90 m laangt Stéck vum Boulevard Royal bis bei d'Rue Willy Goergen gehéiert zur N53. Just dat Stéck tëscht der Kräizung mat der Rue Willy Goergen a Boulevard Jean Ulveling bis op d'Kräizung mat der Groussgaass, um Roude Pëtz, eng ronn 220 m, gehéieren net méi zur Nationalstrooss.

Ënner der däitscher Besatzung (1940 - 1944) huet d'Strooss „Eicher Berg” geheescht[2].

VerlafÄnneren

Vun Eech aus huet den Eecher Bierg säin Ufank op der Kräizung mat der N55 op der Eecher Plaz (offiziell Place François-Joseph Dargent) op enger Héicht vun 245 m a féiert da mat enger gläichméisseger Pente vu 4,3 % op de Plateau vun der Alstad. Well den Hank an deen d'Strooss gebaut gouf zimmlech géi ass, stinn net vill Haiser laanscht d'Säiten. De Bierg erop, op der rietser Säit si meeschtens Fielswänn aus Sandsteen, an op der lénkser Säit geet et géi erof an den Uelzechtdall.

Op der Héicht vum Boulevard Royal gouf 1988 e Sprangbuer ugeluecht.

Net wäit ewech vun der Plaz, wou d'Glacis-Strooss an den Eecher Bierg kënnt, ass an enger Fiels-Hiel d'Krispines-Figur, och Péiter Onrou genannt, déi bis virun net ze laanger Zäit eng speziell Zort "Pilgerplaz" fir Frae war, déi sëtzegelooss gi waren.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Péiter Onrou

Um hallwe Wee féiert d'Strooss ënner der Rouder Bréck erduerch, an eppes virdrun, ënner der Passerell vum Lift Pafendall-Uewerstad.

Uschlëss un aner Stroossen:
vun ënnen no uewen

Alen Eecher BiergÄnneren

Tëscht dem ieweschten Deel vun der Rue des Glacis an dem ënneschten ass e klenge Verbindungswee deen Alen Eecher Bierg heescht.

CasinosgaassÄnneren

Well fréier do den Offizéierscasino vun der preisescher Garnisoun stoung, gëtt den ieweschten Deel vum Eecher Bierg, tëscht der Schigrisgaass (rue du Nord) an der Groussgaass, och nach Casinosgaass[3] genannt.

BillerÄnneren

Um SpaweckÄnneren

Commons: Eecher Bierg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an NottenÄnneren

  1. „Neubenennung von Strassen der Stadt Luxemburg“ am Luxemburger Wort, Nummer 155, 4. Juni 1925, S. 11
  2. Guy May, 2002. Die Straßennamen der Stadt Luxemburg unter deutscher Besatzung (1940-1944). Ons stad 71: 30-32.
  3. och mat der Schreifweis „Kasinosgaass“ gebraucht