Eech zu Klengbetten

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

D'Eech zu Klengbetten ass eng Stilleech (Quercus robur), déi zu Klengbetten an der Gemeng Stengefort steet. Wéinst hirer Gréisst an hirem Ëmfang gehéiert se zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Eech zu Klengbetten
D'Stilleech am Viktorsbierg (Mäerz 2011)
Kategorie geographeschen Objet, Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg
Land Lëtzebuerg
Gemeng Stengefort
Plaz Klengbetten
Adress Viktorsbierg
Koordinaten 49°38'49"N, 5°54'50"O
Bamaart Eechen
Status Zousazinventaire vun de klasséierte Monumenter
Héicht 24 m (2000)
Duerchmiesser 1,54 m (2000)
Ëmfang 4,84 m (2000)
Den Infopanneau bei der Eech. Hannen am Bild: de Champignon um Stamm vum Bam (Mäerz 2011)

D'Eech gouf duerch en Arrêté ministériel vum 19. Juli 2001 op den Inventaire supplémentaire des monuments nationaux opgeholl.[1],[2]

Ëm 2010 huet d'Gemeng Stengefort en Informatiounspanneau beim Bam opstelle gelooss.

Lokalisatioun änneren

D'Eech steet um Viktorsbierg (rue de la Montagne) an engem géie Rampli nieft der Strooss, op gläicher Héicht mam Bauerenhaff, zu deem se gehéiert.

Entwécklung vum Bam änneren

Den Alter vun der Eech ass net bekannt, en däerft awer 200 Joer iwwerschreiden.

Een Deel vun de Wuerzele läit fräi. Ufanks 2011 war um Stamm e grousse Champignon ze gesinn, wat drop hiweist, datt dem Bam seng Ofwierkräfte geschwächt sinn.

Ongeféier Moosse vum Bam (m)
Joer  [3]    
≈2000 4,84 1,54 24,00

Quellen änneren

  • Sinner J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 20-21, Text a Foto).

Kuckt och änneren

Biller änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Eech zu Klengbetten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  2. An den Arbres remarquables 2002 gëtt de 4. Dezember 1969 fir den Arrêté ministériel genannt. Dat ass eng Verwiesslung mam Datum vun där anerer klasséierter Eech (am Pariswee) zu Klengbetten, déi virun 2002 ewechgeholl gouf.
  3. op Broschthéicht gemooss