Eech zu Biereng
Déi bemierkenswäert Eech zu Biereng ass eng Wantereech (Quercus petraea, chêne rouvre ou chêne sessile, Trauben- oder Wintereiche) déi am Nordoste vu Biereng an der Gemeng Miersch op engem opfällege Fiels vum Lëtzebuerger Sandsteen, der Kluckelay, steet.
Eech zu Biereng | |
---|---|
D'Eech vun uewen erof gesinn. Am Hannergrond: den Uelzechtdall (Mee 2008 | |
Kategorie | Bemierkenswäert Beem zu Lëtzebuerg |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Miersch |
Plaz | Biereng |
Adress | Bierengerbierg |
Koordinaten | 49°45'43,20"N, 6°7'45,37"O |
Bamaart | Wantereech |
Status | Klasséiert Monument |
Héicht | 14,5 m (2023) |
Duerchmiesser | 1,02 m (2023) |
Ëmfang | 3,20 m (2023) |
Wéinst deem dominanten Androck deen d'Eech op 'hirem' Fiels mécht, zielt se zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg a gouf duerch den Arrêté ministériel vum 29. Mäerz 1974 als Nationalmonument klasséiert.[1]
Lokalisatioun
ännerenD'Eech fënnt ee wann een zu Biereng d'Strooss (Rue Wenzel) op de Bierengerbierg (ass zu Biereng ausgeschëldert) eropfiert, a sech op der Kräizung uewen am Hank riets hält. Ronn 500 m duerno fënnt een de Bam riets vum Wee.
Entwécklung vum Bam
ännerenDe Bam ass sécher däitlech méi al wéi seng Gréisst an d'Déckt vum Stamm et uweisen, dëst well déi dënn Buedemschicht um Fiels net genuch Waasser fir en normale Wuesstum späichere kann. D'Wuerzele vun der Eech sinn op der Sich no Fiichtegkeet duerch d'Splécke bis un d'Basis vum Fiels gedrongen, wou se zum Deel aus dem Fiels eraus gewuess sinn.
Joer | Bemierkung | |||
---|---|---|---|---|
1907 | 1,90[2] | 0,60 | ||
1958 | 2,60[2] | 0,83 | ||
1980 | 3,60[2] | 1,15 | 14,00 | De Stamm moosst just 1 m,
d'Gafelen hunn en Ëmfang vun 1,50 m an 1,90 m[3] |
≈2000 | 2,04[3] | 0,65 | 15,00 | |
2023 | 3,20[3] | 1,02 | 14,50 |
Quellen
änneren- Murat, Danièle et al. Les arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. [3e parution revue et adaptée]. Diekirch: ANF, 2023. Print. ISBN 978-2-9199474-3-0 (Cf. S. 90-91, Text a Foto).
- Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des Eaux et Forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 32-33, Text a Foto. Och eng Reproduktioun vun der Foto vum Faber 1915).
- Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. S. 42-43, Foto an Text).
- Modert, Paul, 1962. Die Baumriesen des Luxemburger Landes. Erster Teil. Die Eichen, Linden und Buchen. 32 S. Broschür ouni Numm vum Editeur a vun der Dréckerei. (Cf. Tabell S. 8).
- Faber, Ernest, 1915. Merkwürdige Baumgestalten aus dem Grossherzogtum Luxemburg. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois. Festschrift zur Feier des 25jährigen Bestehens (1890-1915). S. 335-417 (Cf. S. 341, Foto 34 S. 409). Dréckerei P. Worré-Mertens. PDF
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Eech zu Biereng – Biller, Videoen oder Audiodateien |