Eeërdëppchen

(Virugeleet vu(n) Eeërbecher)

En Eeërdëppchen oder Eeërbecher ass e Geschier dat benotzt gëtt fir lues gekacht Eeër waarm an der Schuel ze zerwéieren. D'Dëppche verhënnert d'Ewechrulle vum gekachten Ee, dat aus der Schuel giess gëtt. En Eeërdëppche kann aus verschiddene Materialer wéi zum Beispill Parzeläin, Keramik, Plastik oder Metall bestoen.

2 Eeër a Keramikseeërdëppercher

Eeërdëppercher gouf et schonn an der Antiquitéit zur Zäit vum réimesche Räich. Op engem Mosaik an der Stad Antiochia aus dem Joer 40 virun eiser Zäitrechnung sinn zwee Eeër an Eeërdëppercher ze gesinn, a bei Ausgruewungen zu Pompeji ass e sëlweregt Eeërdëppche mat engem Läffel deen dozou gehéiert, fonnt ginn.

Am Mëttelalter ass de Gebrauch vun Eeërdëppercher erëm verschwonnen, éier se beim europäeschen Adel am 16. Joerhonnert erëm a Moud komm sinn. Op engem Bild vum Georg Flegel aus dem 17. Joerhonnert fënnt een en oppent Ee mat engem Stéck Brout, dat queesch an engem Eeërdëppche läit.[1]

Trivia änneren

Haaptsächlech am englesche Sproochgebitt gëtt d'Sammele vun Eeërdëppercher "Pocillovy" an de Sammler "Pocillovist" genannt (vun de laténgesche Wierder pocillum fir e klenge Becher an ovi fir Ee).[2] An der franséischer Sprooch gëtt de Begrëff "coquetiphilie" benotzt.[3]

Biller änneren

Referenzen änneren

  1. Der Standard: Lukrativ sammeln: Ein Thron für das Ei (20. Mäerz 2013; gekuckt den 18. Abrëll 2013)
  2. worldwidewords.org: Pocillovy (gekuckt den 18. Abrëll 2013)
  3. coquetiphilie.online.fr (gekuckt den 18. Abrëll 2013)