Den Eduard Houdremont, gebuer den 19. Mee 1896 zu Lëtzebuerg a gestuerwen den 10. Juni 1958 zu Essen,[1] war e lëtzebuergesch-däitsche Metallurgist an Industriellen.[2] An der Zäit vum Nationalsozialismus huet hien zu de sougenannte Wehrwirtschaftsführer gehéiert, d. h. de Leeder vu militäresch wichtege Betriber, déi zanter 1935 vum Wehrwirtschafts- und Rüstungsamt am Oberkommando der Wehrmacht ernannt goufen.[3]

Eduard Houdremont
Gebuer 19. Mee 1896
Lëtzebuerg
Gestuerwen 10. Juni 1958
Essen
Nationalitéit Däitschland, Lëtzebuerg
Aktivitéit Metallurgist, Universitéitsprofesser
Partei NSDAP
Krupp-Prozess zu Nürnberg, den 22. Dezember 1947: (v.l.n.r.) Alfried Krupp von Bohlen und Halbach, Ewald Loeser, Eduard Houdremont, Erich Müller, Friedrich Janssen, Karl Pfirsch, Karl Eberhardt an Heinrich Korschan

Liewen a Wierken änneren

Den Eduard (oder Édouard) Houdremont gouf 1896 als Jong vum Alfred Houdremont (1864–1925), dem Direkter vun der Escher Industrie- an Handelsschoul, gebuer. Hien huet säi Lycée zu Lëtzebuerg gemaach an no der Première e Stage bei der Adolf-Emil-Hütte op Belval gemaach. Duerno huet e vun 1916 bis 1919 Ingenieurwëssenschaften op der Technescher Héichschoul zu Berlin (Diplomingenieur) studéiert. Déi zwee Joer drop huet hien do als wëssenschaftlechen Assistent geschafft an am Juli 1921 zum Dr. Ing. promovéiert. Méi spéit krut den Houdremont vun der TH Berlin d'Titele vun engem Honorarprofesser an Éierebierger (Éierendokter).[4] 1922 huet hie sech mat der Maria Schmitz bestuet. D'Koppel krut dräi Kanner.[5]

Tëscht 1922 bis 1926 huet den Houdremont als Direktiounsassistent bei de Krefelder Edelstolwierker geschafft. Parallel dozou huet hien zu Oochen Metallurgie enseignéiert.[6] Am Oktober 1926 gouf hie bei der Friedrich Krupp AG zu Essen agestallt, wou e fir unzefänken Direktoriumsassistent fir de Secteur "Stol" gouf. Am Januar 1930 gouf en zum Prokurist befërdert. Am Juli 1932 gouf den Houdremont mat der Leedung vum Beräich Metallurgie chargéiert an zum delegéierten Direkter vun de Stolwierker ernannt.

1936 gouf den Houdremont Leeder vum Beräich Stolfuerschung. Am Oktober 1938 gouf hien Delegéierten Direkter vun der Friedrich Krupp AG. Zu där Zäit gouf den Houdremont och Conseiller beim Hermann Göring, deen e Véierjoresplang opgesat huet.

Wärend dem Zweete Weltkrich war den Houdremont a leedender Funktioun an d'Organisatioun vun der däitscher Stolproduktioun fir de Krich involvéiert.[7] Den 1. Juli 1940 gouf den Houdremont Member vun der NSDAP (Membersnummer 8.301.922). Wéi hie spéider sot, hätt en dat gemaach, fir eng besser Ausgangspositioun ze hu fir dofir z'intervenéieren, fir datt senger Schwéiesch hire Mann, den Zentrumspolitiker Bruno Kurowski, dee vun der Gestapo verhaft gi war, nees fräi kéim.[8] Dofir hat den Houdremont ë. a. eng Entrevue mam Göring. 1942 huet den Albert Speer den Houdremont zum Sonderkommissar für Metallumstellung ernannt.

Am Mäerz 1941 gouf den Houdremont stellvertriedende Member vun der Presidence vun de Krupp-Wierker. Am Mäerz 1943 gouf en uerdentleche Member vun der Presidence, zoustänneg fir de Beräich Metallurgie an d'Stolwierker. Am November 1943 gouf en och Responsabel fir d'Maschinnefabrécken. Nodeem d'Krupp AG a Friedrich Krupp Werke ëmstrukturéiert gi war, gouf den Houdremont am Dezember 1943 Member vum Directoire vun där Firma, an dunn, bis 1944, Generalbevollmächtegte vun de Friedrich-Krupp-Werke.

Am November 1947 gouf den Houdremont am Kader vum Krupp-Prozess, engem vun den Nürnberger Prozesser, virum Militärtribunal IIIa ugeklot. Säin Affekot Walter Siemers huet e verdeedegt. Am Juli 1948 gouf dem Houdremont – deen ë. a. ugeklot war Zwangsaarbechter an de Krupp-Wierker agesat ze hunn, an zwéi vun aacht Punkte vun der Uklo fir schëlleg gesprach an zu 10 Joer Prisong verurteelt. Den 31. Januar 1951 huet den US-Héichcommissaire John Jay McCloy d'Strof op déi Zäit, déi e bis dohin ofgesiess hat, reduzéiert, an en ass de 4. Februar 1951 entlooss ginn.

An de Joren duerno huet den Houdremont, dee Member vun Comité vun der Deutschen Gesellschaft für Metallkunde war, virun allem Fachpublikatiounen iwwer metallurgesch Sujete geschriwwen.

Publikatiounen änneren

  • Einführung in die Sonderstahlkunde, Berlin 1935.
  • Betrachtungen zur Umwandlung des Eisens und seiner Legierungen, 1950.
  • Betrachtung über die Unterkühlung von Umwandlungsvorgängen als Grundlage für die Martensitumwandlung, 1953.
  • Beitrag zur Kenntnis der Vorgänge bei der Dauerbeanspruchung von Werkstoffen, 1953.
  • Metallkundliche Betrachtungen zur Frage des Trennbruches, 1954.
  • Erhöhung der Anfangspermeabilität von niedriglegierten Eisen-Silizium- und Eisen-Aluminium-Legierungen durch oxydierendes Glühen bei niedrigen Temperaturen, 1954.
  • Erzeugung von magnetischen Vorzugsrichtungen durch inhomogeene Spannungen bei Magnetostriktions-Werkstoffen, 1955.
  • Grundlagen zur Frage des Spröd-Bruchs, 1956.
  • Beobachtungen zur Graphitbildung im untereutektischen Gusseisen, 1956.

Literatur änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Johann Christian Poggendorff: J. C. Poggendorffs Biographisch-Literarisches Handwörterbuch für Mathematik, 1962, S. 13.
  2. Dësen Artikel ass eng Iwwersetzung vun de:Eduard Houdremont.
  3. Ernst Klee: Das Personenlexikon zum Dritten Reich. Wer war was vor und nach 1945. Fischer Taschenbuch Verlag, Zweite aktualisierte Auflage, Frankfurt am Main 2005, S. 271.
  4. Wissenschaftliche Gesellschaft für Luft- und Raumfahrt: Jahrbuch, 1958, S. 282.
  5. Wer ist wer?. Das Deutsche WHO's WHO, 1955, S. 503.
  6. William Manchester: The Arms of Krupp, 1587-1968, 1968, S. 337.
  7. Wolfgang Malanowski: Die Gnade der künstlichen Geburt, in: Der Spiegel 18/1989, S. 136ff.
  8. Fragebogen der Militärregierung vom 10. September 1946, in HStA Düsseldorf, NW 1079, HA Sk Ac, 9794, oBl.