Edouard Molitor (Diplomat)
lëtzebuergeschen Affekot an Diplomat
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Diplomat Edouard Molitor. Fir aner Leit mat deem selwechten Numm, kuckt wgl. Edouard Molitor. |
Den Edouard Molitor, gebuer de 14. Februar 1931 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 19. September 2015, war e lëtzebuergeschen Diplomat.[1]
Edouard Molitor | |
---|---|
Gebuer |
14. Februar 1931 Lëtzebuerg |
Gestuerwen | 19. September 2015 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Affekot, Diplomat |
Den Edouard Molitor huet zu Paräis, Nanzeg a Grenobel Droit studéiert. Hien huet am Ufank als Affekot geschafft an dono am Ausseministère, als Chef vum Protokoll, als Diplomat zu Paräis an zu Bréissel, als Ambassadeur am Vatikan, zu Wien, zu London an zu Roum.[2]
Literatur
änneren- Zenner, R., 2015. À la mémoire d'Edouard Molitor de Luxembourg. Luxemburger Wort 2015, Nr. 271 (20. November), S. 58.