D'Edmonde Charles-Roux, gebuer de 17. Abrëll 1920 zu Neuilly-sur-Seine, a gestuerwen den 20. Januar 2016 zu Gardanne, war eng franséisch Schrëftstellerin.

Edmonde Charles-Roux
Gebuertsnumm Marie Charlotte Élisabeth Paule Edmonde Charles-Roux
Gebuer 17. Abrëll 1920
Neuilly-sur-Seine
Gestuerwen 20. Januar 2016
Marseille
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist, Dréibuchauteur, RIF- Resistenzler, Prosaist
Famill
Bestuet mat Gaston Defferre

1966 krut si de Prix Goncourt fir hiren éischte Roman, Oublier Palerme. Vun 1983 bis 2016 war si Member vun der Académie Goncourt an zousätzlech, vun 2002 bis 2014, d'Presidentin dovun.

Si war vun 1973 bis zu sengem Doud mam Politiker Gaston Defferre bestuet.

Wierker änneren

  • Oublier Palerme, Grasset, nouvelle, 1966, prix Goncourt 1966
  • Elle, Adrienne, Grasset, 1971, Roman
  • L'Irrégulière ou mon itinéraire Chanel, Grasset, 1974, Biographie
  • Stèle pour un bâtard, Grasset, 1980, Roman
  • Une enfance sicilienne, Grasset, 1981, Roman
  • Un désir d'Orient, vol. I, biographie d'Isabelle Eberhardt, Grasset, 1989
  • Nomade j'étais, vol. II, Grasset, 1995
  • L'homme de Marseille, Grasset, 2003, Album photographique
  • Isabelle du désert, volume combinant « Un désir d'Orient » et « Nomade, j'étais », Grasset, 2003
  • Le Temps Chanel, La Martinière / Grasset, 1979, album photographique

Um Spaweck änneren

Commons: Edmonde Charles-Roux – Biller, Videoen oder Audiodateien