E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus

Dëse Literaturartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E' Schrek ob de' Lezeburger Parnassus (an haiteger Schreifweis: "E Schréck op de Lëtzebuerger Parnassus") ass e Bichelche mat Gedichter vum Antoine Meyer (1801-1857), dat 1829 erauskoum. Et ass dat éischt Buch op Lëtzebuergesch, an och dat eelst Stéck lëtzebueregeschsproocheg Literatur.

Titelsäit vun der Originaleditioun

Ëm wat geet et am Buch? änneren

Editiounsgeschicht änneren

D'Buch koum 1829 "bei J. Lamort, ob der Place-d'Aarem", wéi et um Deckel steet, earus.

1935 gouf et en Nodrock an 250 Exemplairen, dee laang vergraff war. An den 1980 Joren huet den Tun Gonner eng Iwwerdroung vun den Texter an déi modern Schreifweis fir d'Actioun Lëtzebuergesch preparéiert, ma si ass ni erauskomm. Uganks der 2000er Joren hat de Romain Hilgert den Text als e-Book op der Websäit www.luxemburgensia.lu vum Lëtzebuerger Land zougänglech gemaach; dëse Site gëtt et awer zanter engem Strapp Joren net méi.[1]

2004 koum d'Buch, zesumme mam Meyer sengem Jong vun Schrek ob de Letzeburger Parnass (1832), an der Serie Lëtzebuerger Bibliothéik vum Mierscher Literaturzenter eraus. De Roger Muller presentéiert dodran d'Originaltexter mat géintiwwergestallt der Transkriptioun an déi haiteg Schreifweis, a gëtt eng literaturhistoresch Aféierung an d'Wierk.

Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Romain Hilgert: " 'De Pater sëtzt ronn Riichtiwwer der Nonn'." in: d'Lëtzebuerger Land vum 02.12.2004; och op land.lu.