ESC Clermont Business School
D'ESC Clermont Business School ass eng European Business School mat Campussen zu Clermont-Ferrand. 2019 gouf d'ESC Clermont am Ranking vun der Financial Times ënner déi 95 bescht European Business Schools gewielt[1]. D'ESC Clermont huet och e PhD-Programm an eng Rei vu Master-Programmer a spezifesche Managementsgebidder wéi Marketing, Finanzen oder Direction d'Entreprise. D'Programmer vun der ESC Clermont sinn op internationalem Niveau dräifach accreditéiert; vun der AMBA, der EPAS an der AACSB[2]. Méi wéi 13.000 Anciene vun der Schoul sinn an der Politik an an der Business-Welt aktiv; dorënner de Jean-Pierre Caillard (PDG Groupe Centre-France La Montagne) an de Claude Wolff (Buergermeeschter vun Chamalières).
() | |
---|---|
Land | Frankräich |
Uertschaft | Clermont-Ferrand |
Schülerzuel | 2.043 |
Gegrënnt | 1919 |
Koordinaten | 45°46'48"N, 3°5'24"O |
Um Spaweck | https://www.esc-clermont.fr/ |