De Marsmeteorit EETA 79001 (Offiziellen Numm: Elephant Moraine A 79001) gouf 1979 an der Elephant Moraine bei enger ANSMET-Expeditioun an der Antarktis entdeckt. E besteet aus basalteschem Lavagestengs an ass als Shergottite klassifizéiert, dat heescht, en huet eng änlech Zesummesetzung wéi de Marsmeteorit Shergotty. En huet e Gewiicht vu 7,942 kg.

De Marsmeteorit EETA79001

Den EETA 79001 war deen éischte Meteorit fir deen 1983 - duerch Verglach vun den Isotopenheefegkeete vun Argon a Glasaschlëss mat deene vun de Viking-Lander gemoossenen Argonisotopenheefegkeeten an der Marsatmosphär - de Mars als Ursprongskierper nogewise gouf.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie