Den Durbion ass e franséische Floss an de Vogesen an e rietsen Niewefloss vun der Musel.

D'Baach zu Vaxoncourt

En huet seng Quell an der Forêt de Faite ongeféier 2 km südlech vu Méménil, op enger Héicht vu 520 m.

Op sengem ganze Laf vu ronn 30 km ass en am Departement Vosges, a ronn 1 km südlech vu Châtel-sur-Moselle leeft en an d'Musel.

Seng Haaptnieweflëss sinn de Ru de Fontenay an d'Onzaine

Uertschaften um Uwänner änneren


Commons: Durbion – Biller, Videoen oder Audiodateien